Datenschutz
Wëllkomme beim M-Block! Eis Missioun ass d'Ennerstëtzen vun eise Fussballnationalekippen. An dësem Beräich wëlle mer iech weisen dat den Emgang mat ären transparent a kloer ass.
Eis Missioun
Memberschaft & Firdeeler
Als Supporter-Member bei eis profitéiert dir vun exclusiven Virdeeler, wéi regelméisseg aktuell Informatiounen, Reduktioun op Fanartikelen, Zougang zu internen Beräicher op der Website esou wéi den Zougang zur Community!
Trotzdem ass weiderhin all "Net-Member" bei eis am Block häerzlech Wëllkomm, ausgeschloss gëtt natierlech keen!
Dateschutzbestëmmungen
Mir respektéieren är Privatsfäre a garantéieren iech e secheren Emgang mat ären Daten. Dir kënnt är Daten zu all Zäitpunkt agesinn, änneren oder läschen. Bei weidere Froen kontaktéiert eis gär!
Datesecherheet
Mir huelen de Schutz vun ären Daten eescht, eise Site huet modern Secherheetsfeatures fir dëst ze granatéieren. Dozou gehéieren Datenverschlësselung a regelméissen Iwerpréifungen vun onser Serverinfrastruktur duerch de Hoster vun der Säit.
Dateschutzerklärung vun der Westkéier ASBL
Stand: 11.02.2026
1. Responsabelen
Responsabel fir d’Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeën op dëser Websäit ass:
Westkéier ASBL
2 rue de Nospelt
L-8283 Kehlen
E-Mail: westkeierletzebuerg@gmail.com
2. Allgemenges zur Donnéeëveraarbechtung
Mir veraarbechte persounebezunnen Donnéeë vun eise Websäit-Besicher, Memberen, Interessenten, Clienten a Kontaktpersounen nëmmen, souwäit dat fir d’Bereetstelle vun eiser Websäit, eise Veräinsaktivitéiten an d’Ofwécklung vu Memberschaften, Bestellungen, Veräinskommunikatioun an organisatoresche Leeschtungen néideg ass.
D’Veraarbechtung geschitt besonnesch op Basis vun:
-
der Erfëllung vun engem Kontrakt oder fir virvertraglech Moossnamen,
-
Ärer Awëllegung,
-
eise gesetzleche Verpflichtungen,
-
eise berechtegten Interessen, souwäit net Är Interessen oder Grondrechter a Fräiheete virgoen.
3. Wéi eng Donnéeë mir veraarbechten
Jee nodeem, wéi Dir eis Websäit an eis Veräinsservicer benotzt, veraarbechte mir besonnesch déi follgend Donnéeën:
-
Stammdonnéeën wéi Numm, Virnumm, Adress, Gebuertsdatum, Membersnummer
-
Kontaktdonnéeën wéi E-Mail-Adress an Telefonsnummer
-
Zougangsdonnéeë fir äre Members-Konto
-
Bezuel- a Rechnungsdonnéeën
-
Bestelldonnéeë vum Fanshop
-
Kommunikatiounsdonnéeë vu Kontaktformulairen oder E-Mailen
-
Donnéeë bei Umeldunge fir Auswärtsreesen, Fahrten oder Evenementer
-
technesch Notzungsdonnéeë wéi IP-Adress, Apparat-Informatiounen, Logdaten a Cookie-Informatiounen
-
eventuell fräiwëlleg Donnéeën, déi Dir eis iwwer Formulairë matdeelt
Mir passen drop op, just déi Donnéeën ze erhiewen, déi fir de jeeweilege Zweck néideg sinn.
4. Zwecker a Rechtsgrondlage vun der Veraarbechtung
a) Bereetstelle vun der Websäit
Fir d’technesch Bereetstellung, d'Sécherheet an d'Stabilitéit vun der Websäit veraarbechte mir technesch Donnéeën a Server-Logdaten.
b) Kontaktopnam
Wann Dir eis iwwer e Kontaktformular oder per E-Mail kontaktéiert, veraarbechte mir Är Donnéeë fir Är Ufro ze behandelen.
c) Memberschaft
Wann Dir eng Memberschaft ufrot oder geréiert, veraarbechte mir déi dofir néideg Donnéeë fir d’Bearbechtung vun der Ufro, d’Verwaltung vun Ärer Memberschaft, d’Kommunikatioun mat Iech an eventuell den Encaisse vum Membersbäitrag.
Rechtsgrondlag: Vertragserfëllung.
d) Membersberäich
Wann mir geschützten Inhalt fir Memberen ubidden, veraarbechte mir Login- a Notzungsdonnéeën, fir den Zougang ze limitéieren an d’Memberschaft zouzeuerdnen.
e) Fanshop / Bestellungen
Bei Bestellungen an eisem Onlineshop veraarbechte mir Bestell-, Bezuel- a Liwwerdonnéeën fir de Kontrakt ofzewéckelen.
f) Ticket-Informatiounen an Auswärtsreesen
Wann mir Informatiounen zum Ticketkaf, Reesen, Fahrten oder veräinsbezunnen Avantagë bereetstellen oder Umeldunge dofir geréieren, veraarbechte mir déi dofir néideg Donnéeën.
g) Newsletter
Wann Dir eisen Newsletter abonéiert oder an den Erhalt vu werblechen Informatiounen awëllegt hutt, veraarbechte mir Är Kontaktdonnéeë fir den Email-Versand.
Dir kënnt Är Awëllegung zu all Moment mat Wierkung fir d’Zukunft zréckzéien, zum Beispill iwwer den Kënnegungs-Link am Newsletter oder per E-Mail un eis.
h) Cookies an änlech Technologien
Mir benotze Cookies an änlech Technologien. Souwäit dës net technesch erfuerderlech sinn, froe mir virdrun Är Awëllegung.
5. Empfänger vun den Donnéeën
Persounebezunnen Donnéeë ginn am Kader vun eisem Veräin just un déi Persoune weiderginn, déi se fir d’Ausféierung vun hiren Aufgabe brauchen.
Zousätzlech kënnen Donnéeën un extern Empfänger iwwermëttelt ginn, besonnesch un:
-
Wix.com als Bedreiwer vun der Websäit-Plattform,
-
Bezuelungsdéngschter,
-
Liwwerdéngschter,
-
IT- an Hosting-Déngschtleeschter,
-
Newsletter- oder Kommunikatiounsdéngschter,
-
eventuell Ticketdengschtleeschter (Luxembourg-Tickets) souwäit dat fir déi jeeweileg Leeschtung néideg ass.
6. Notzung vu Wix (Hoster)
Eis Websäit gëtt mat Wix.com bedriwwen. Dobäi ka Wix persounebezunnen Donnéeë vun eise Websäit-Besicher an eisem Optrag veraarbechten.
Wix stellt en Data Processing Agreement zur Verfügung a gëtt Informatiounen dozou, datt persounebezunnen Donnéeë vun Notzer a Besicher iwwer verschidde Standuerter a "Subprozessoren" veraarbecht kënne ginn.
7. Iwwermëttlung an Drëttlänner
Am Kader vun der Notzung vu Wix an eventuell weideren integréierte Servicer kann eng Iwwermëttlung vu persounebezunnen Donnéeën a Staaten ausserhalb vum Europäesche Wirtschaftsraum geschéien. Esou eng Iwwermëttlung geschitt just am Respekt vun den datenschutzrechtleche Viraussetzungen, besonnesch op Basis vun engem Angemessenheetsbeschloss oder gëeegente Garantië wéi "Standardvertragsklauselen".
8. Späicherdauer
Mir späichere persounebezunnen Donnéeë just sou laang, wéi dat fir déi jeeweileg Zwecker néideg ass oder gesetzlech Opbewahrungsflichte bestinn.
Typesch Friste kënnen sinn:
-
Kontaktufroen: bis de Sujet geklärt ass
-
Membersdaten: fir d'Dauer vun der Memberschaft an duerno bis zu 10 Joer
-
Bestell- a Rechnungsdaten: no de gesetzlechen Opbewahrungsflichten
-
Newsletter-Donnéeën: bis zum Réckzuch vun der Awëllegung
-
Cookie-Awëllegungen: geméiss dem agesate Consent-Tool an der Dokumentatioun dovun
9. Är Rechter
Dir hutt no de Bestëmmunge vun der DSGVO / GDPR besonnesch déi folgend Rechter:
-
Recht op Auskunft
-
Recht op Berichtegung
-
Recht op Läschen
-
Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung
-
Recht op Dateportabilitéit
-
Recht op Widdersproch
-
Recht op Réckzuch vun enger Awëllegung mat Wierkung fir d’Zukunft
-
Recht op Reklamatioun bei enger Opsiichtsautoritéit
Zoustänneg Opsiichtsautoritéit zu Lëtzebuerg ass:
Commission nationale pour la protection des données (CNPD)
Lëtzebuerg
10. Obligatoresch Bereetstellung vu Donnéeën
Souwäit verschidden Donnéeë fir den Ofschloss oder d’Ausféierung vun enger Memberschaft, enger Bestellung oder enger Umeldung néideg sinn, ass d’Bereetstellung vun dësen Donnéeën erfuerderlech. Ouni dës Donnéeë kënne mir déi jeweileg Leeschtung eventuell net ubidden.
11. Datesecherheet
Mir huele passend technesch an organisatoresch Moossnamen, fir persounebezunnen Donnéeë géint Verloscht, Mëssbrauch, onerlaabten Zougrëff oder onerlaabt Weiderginn ze schützen.
12. Ännerunge vun dëser Dateschutzerklärung
Mir behaalen eis vir, dës Dateschutzerklärung unzepassen, wann eis Websäit, eis Leeschtungen oder d’Rechtslag sech änneren. Et gëllt ëmmer déi Fassung, déi op dëser Websäit publizéiert ass.
