top of page

News
Aktuelle Neiegkeeten
Suche


Läscht Ticketen am M-Block
Fir de Match muer ginn et hei déi: Link PS: Mir wëssen dat bei munchen Leit den Link net geet, bei aaneren geet et. Probéiert noutfalls an engem aaneren Browser, iergendwou wert et goen ;)
Philippe Zwick
28. Sept.


Virverkaaf UEFA Nations League 2026-2027
De Virverkaaf fir d'UEFA Nations League 2026-2027 fängt muer un. Jiddereen den en Abo am M-Block fir déi vergangen Kampagne hat, wert muer eng E-Mail vun Luxembourg-Tickets kréien fir sech erem en Abo secheren ze kënnen! PS:Haalt de Spam-Filter am Bléck.
Philippe Zwick
18. Aug.


0:1 géint Italien
Um Mëttwochowend hunn eis Rout Léiwe knapp mat 0:1 doheem géint Italien verluer. Op béide Säite war et e Match an dem nei Gesiichter um Terrain ze gesi waren. Op Italieenescher Säit war et quasi déi ganz Ekipp, ma och op Lëtzebuerger Säit konnt een sech vun de Qualitéite vun neie, jonke Spiller wéi dem Miguel Goncalves oder dem Hamza Kadamani iwwerzeegen. Alles an allem e gudden optrëtt, och wann Italien verdéngt als Gewënner vum Terrain geet.
Philippe Zwick
4. Juni


Spaghetti alle Wäinzoossis
Zur Feier vum Daag haut mol eppes ganz neies: Haut mol e Rezept aus der Italienesch-Lëtzebuergescher Cross-over Kichen: Spaghetti alle Wäinzoossis Dir braucht: (fir 4 Rout Léiwen) 8 Lëzebuerger Wäinzoossiss'en E Paak Spaghetti (Déi wou d'Zoos esou gäil päscht) 1 EL Pflanzenueleg 1 grouss Schalott 160 ml Wäißwäin (fir an d'Zoos) 500 ml Wäisswäin (fir an de Kach) 180 ml Kallewsfond 250 ml Rahm 3 EL Lëzebuerger Moschter 2 EL Dijon Moschter „à l'ancienne“ Salz a Peffer D'Rezept:
Philippe Zwick
3. Juni


2 Ticketen ze gewannen!
Haut keng Chance gehat? Mir verlousen 2 Ticketen am M-Block fir de Match géint Italien. Fir matzemaachen: 1. Post op Facebook Liken & deelen 2. Member op www.mblock.lu ginn (Gratis-Versioun geet duer) 3. Ebessen Chance hunn. De Gewënner get Sondes, de 17.Mee 2026 kontaktéiert Vill Gléck ierch all! https://www.facebook.com/photo?fbid=1292041003023694&set=a.423512333209903
Philippe Zwick
5. Mai


Frëndschaftsmatch géint Italien!
Den 3.Juni 2026 spillen eis rout Léiwen e Frëndschaftsmatch géint Italien. Gespillt get um 20:45 Auer am Stade de Luxembourg. Wéini den Ticketverkaaf lass geet ass aktuell nach net kloer.
Philippe Zwick
10. Apr.
bottom of page
