top of page
Suche

Spaghetti alle Wäinzoossis

Zur Feier vum Daag haut mol eppes ganz neies:

Haut mol e Rezept aus der Italienesch-Lëtzebuergescher Cross-over Kichen:

Spaghetti alle Wäinzoossis


Dir braucht:

(fir 4 Rout Léiwen)

  • 8 Lëzebuerger Wäinzoossiss'en

  • E Paak Spaghetti (Déi wou d'Zoos esou gäil päscht)

  • 1 EL Pflanzenueleg

  • 1 grouss Schalott

  • 160 ml Wäißwäin (fir an d'Zoos)

  • 500 ml Wäisswäin (fir an de Kach)

  • 180 ml Kallewsfond

  • 250 ml Rahm

  • 3 EL Lëzebuerger Moschter

  • 2 EL Dijon Moschter „à l'ancienne“

  • Salz a Peffer

D'Rezept:

1. D'Wäinzoossis kleng schneiden a gudd unbroden, duerno op d'Säit stellen bis d'Zooss fäerdeg ass.

2. An der selwegter Paan gëtt elo déi fein gehackt Schallott ungebroden ier se mam wäisse Wäin oofgeläscht get. Daat ganzt elo gudd reduzéieren loossen, a selwer mol e Pättchen drénken.

3. Nom Reduzéieren mam Kallewsfond opfëllen an de Moschtert dobäi maachen. Alles verréieren.

4. Daat ganzt gëtt elo op 1/3 reduzéieren geloos, mat Rham oofschmaachen.

5. Salz a Peffer no perséinlechem Gusto

6. D'Wäinzoossis dran an erem warm ginn loossen.

7. Dem Italieneschen Noper nokucken wéi en dobäi geckeg get. En dierf awer och gäer matiessen.

 Gudden Appetit!

 Buon appetito!

 
 
 

Kommentare


bottom of page