top of page
Suche

Neien Internetsite geet online!

Aktualisiert: 16. März

 Wuesstem bréngt Ännerunge mat sech, an eisem Fall déi, dat mer fir déi Gréisst déi mer mëttlerweil hunn aner Méiglechkeete brauchen.


2025 ass d'Westkéier Lëtzebuerg a.s.b.l an d'Liewen geruff gi fir dem Ganze mat der néideger Seriositéit entgéint ze goen.

Elo geet et an déi nächst Ronn, a mir maachen et fir jidderee méiglech ganz offiziell Deel vum M-Block ze ginn.


Am Stadion ännert sech näischt, jiddereen, op "offiziell" Member oder net ass weiderhi genau esou wëllkomm wéi bis elo. Keen ass forcéiert sech finanziell ze bedeelegen!


Et ass just fir eis eng Méiglechkeet eis als Veräin besser ze definéieren, ze kommunizéieren, an op korrekt a méi professionell Aart a Weis de Projet virun ze dreiwen.


Et wäert sech hei nach vill doen, dofir, bleift gespaant!



 
 
 

Kommentare


bottom of page